Qualitéit
kultivéieren

Den Tubak ass d'Matière première, där mir eis
verschriwwen hunn. Mir kréien den Tubak vun de
beschte Plantagen an Nordamerika, Simbabwe an Europa. Bei der Auswiel an dem Kaf vum Tubak begleeden eis eis eegen Tubaksexperten op d'Plaz. Si kontrolléieren
d'Wuer, maache Stéchprouwen an akzeptéieren
nëmmen 1-a-Qualitéit.

 

 

 

Ech hunn eng Fro

EISE QUALITÉITS-PRODUKTIOUNSPROZESS

  • DEN TUBAK 1

    DEN TUBAK

    Déi gedréchent a fermentéiert Tubaksblieder komme gutt geschützt a verpaakt an eisem Lager un, prett, fir mat der gréisster Virsiicht weiderverschafft ze ginn.

  • DE BLENDING 2

    DE BLENDING

    Tubak ass en Naturprodukt, mat deenen ënnerschiddlechsten Aromaen, déi vu Rekolt zu Rekolt kënne variéieren. Fir den typesche Goût vun enger Landewyck-Mark ze kréien, gi verschidden Tubakszorten zu engem "Blend" gemëscht. Esou bleift de Goût vun enger Mark iwwer Joren d'nämmlecht.

  • D'CASINGTROMMEL 3

    D'CASINGTROMMEL

    Den Tubak gëtt duerch Waasserdamp op optimal 21% Fiichtegkeet bruecht an an der Casingtrommel mat natierlechen Aromae versat.

  • D'MËSCHBOX 4

    D'MËSCHBOX

    Den Tubak gëtt an horizontale Schichten an d'Mëschboxe gefëllt an no e puer Stonne a vertikale Sträifen erausgeholl. Dëst garantéiert eng optimal Mëschung vun de verschiddenen Tubaken.

  • DE SCHNËTT 5

    DE SCHNËTT

    Fir Zigarette gëtt d'Tubaksmëschung 0,8-1 mm breet geschnidden. An der Dréchentrommel gëtt d'Fiichtegkeet vum Tubak op ca. 12-13% reduzéiert. Den Tubak kann elo weiderverschafft ginn.

  • D'ZIGARETT 6

    D'ZIGARETT

    Aus dem Container, wou den Tubak zwëschegelagert ass, gëtt den Tubak ugesaugt, d'Fasere ginn zu engem gläichméissege Strang geformt an op Pabeiersträife mat Filterstécker geluecht. Doduerch entsteet eng Zort "Endlos-Zigarett", déi duerno dann an eenzel Zigarette geschnidde gëtt.

Orient

Den Orient-Tubak ass déi klengst, awer och déi widderstandsfäegst, vun dësen dräi Tubaksplanzen. Wéi den Numm et scho seet, wiisst den Orient-Tubak besonnesch gutt a ganz waarme Géigende wéi der Tierkei an dem Noen Osten.

D'Wiederkonditiounen an d'Tatsaach, datt d'Planzen no beienee stinn, loossen, kombinéiert mat enger entspriechender Orient-Zort, beim Fëmmen en aromateschen, ma duussen a liicht séisse Goût entstoen. De staarken Aroma huet mat den dréchene Bedingungen ze dinn: D'Tubaksplanz formt eng Wuessschicht op hire Blieder, fir se virum Ausdréchnen ze schützen. De Wuess enthält natierlech aromatesch Uelecher.

Duerch d'Dréchnen an der Sonn gi chemesch Reaktioune stimuléiert. Eng Orient-Mëschung ka bis zu 100% aus sonnegedréchentem Tubak bestoen, wéi z. B. bei den traditionellen tierkeschen Zigaretten. American-Blend-Zigarette kënnen 10-15% Orient-Tubak enthalen.

 

 

Ech hunn eng Fro