D'Burley-Tubaksplanz ka bis zu 1,5 m héich ginn. Seng gréng Faarf ass e bësse méi hell wéi déi vum Virginia-Tubak. Burley-Tubak wiisst op méi schwéiere Biedem a brauch méi Dünger wéi Virginia-Tubak. Dee beschte Burley wiisst an den USA, Mëttelamerika, Malawi, Uganda an Indonesien.
No der Rekolt verléiert de Burley-Tubak duerch d'Dréchnen an der Loft de Gros vu sengem Zocker. Doduerch kritt e seng charakteristesch brong Faarf an en zigarenähnleche Goût. D'Zigaretten, an deene Burley-Tubak mat dran ass, produzéieren en däischteren an intensiven Damp.
Burley-Tubak schmaacht dréchen an aromatesch, ähnlech wéi Schockela.
Meeschtens kënnt bei de Burley-Tubak nach Zocker wéi Melass oder Mokuch, fir den natierlechen Zocker ze ersetzen. E gëtt fir American-Blend-Zigarette mat aneren Tubakszorte wéi Virginia an Orient kombinéiert. Et kënnen och nach aner Aromaen dobäikommen.
Ech hunn eng Fro