"Eis Famill huet sech net domat zefridde ginn, nëmme Produkter hierzestellen,
ma huet alles drugesat, perfekt Genossmomenter ze kreéieren."

Jean-Pierre Heintz, am Fréijoer 1853.

Innovatioun

Och de Goût entwéckelt sech weider - net zulescht duerch déi grouss a kleng Innovatiounen, déi et eréischt méiglech gemaach hunn, datt een Tubak a senger haideger Form, Diversitéit a Qualitéit ka genéissen. Vill vun dësen Iddie stamen aus eisem Haus.

Mir hunn d'Produktiounstechnik am Hibléck op Qualitéit an Effizienz kontinuéierlech verbessert. Nei Tubaksprodukter goufen entwéckelt, déi a puncto Goût, Lifestyle, ma och an der Handhabung d'Uspréch vun deene Leit, déi sech als Genéisser verstinn, erfëllen. Muench Iddi gëtt bei eisen Duechtergesellschaften ëmgesat, déi onofhängeg vum Mammenhaus nei Produkter kënnen entwéckelen. Dës Oppenheet mécht eis zu engem vun de besonnesch innovatiounsfreedege Betriber aus eiser Branche.

 

Ech hunn eng Fro

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Den Haaptsëtz vu Landewyck zu Lëtzebuerg

Am Wierk zu Ettelbréck ginn Zigarettefilter op Zellulosbasis hiergestallt. Déi sechs Produktiounsmaschinne liwwere pro Joer méi wéi zwou Milliarde Filter, dat si ronn aacht Milliounen den Dag. Eng Dagesproduktioun Filter uneneegeluecht géif eng Streck vun 1.000 Kilometer Längt erginn. Landewyck huet héichautomatiséiert Anlagen, déi eng Wettbewerbsfäegkeet op héchstem Niveau erlaben. Déi héichmodern Maschinne kënne bis zu 10.000 Zigarette pro Minutt produzéieren. 

 

D'Produktiounsstanduerter zu Lëtzebuerg kënne 45 bis 50 Milliounen Zigarette pro Dag hierstellen. Fir de firmeneegenen Design an individuell Verpackunge sinn d'Grafiker vu Landewyck zoustänneg. 

Zu Hollerech huet Landewyck eng performant, modern Dréckerei mat 50 Mataarbechter. Hei gëtt d'Verpackungsmaterial fir déi verschidde Produkter vum Konzern an deenen ënnerschiddlechste Formater gedréckt.

Landewyck produzéiert och a verschiddene Wierker eng Rëtsch Tubakszorte fir ze dréien oder ze stoppen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Wierk an Ungarn

Landewyck Tabak Holland
Ettenseweg 60
NL-4706 PB Roosendaal

 

Postbus 1017

NL-4700 BA Roosendaal

 

Tel. +31 165  524-000
Fax. +31 165 524-001


E-mail info@landewyck.nl

Landewyck Tabak Holland

Landewyck Tabak Holland zu Roosendaal kann op Erfarungen am Tubaksberäich zeréckblécken, déi bis an d'Joer 1765 ginn. 2001 schléisst sech Biggelaar Tabak Landewyck un a bréngt säin typesch hollänneschen Know-how an der Fabrikatioun vun "Zware" an "Halfzware" mat an – a profitéiert dobäi op senger Säit vun de Méiglechkeeten, déi eng grouss, international orientéiert Organisatioun bitt.


Haut beschäftegt Landewyck Tabak Holland ronn 20 Mataarbechter zu Roosendaal. Nieft der Distributioun vun de Landewyck-Marken huet sech Roosendaal an der Verpackung vun Zigare spezialiséiert.

 

 

Ech hunn eng Fro